Communication COVID-19 - helpline PSY

COVID-19 - bien-être@home - helpline PSY

Eng Helpline fir schoulesch a psychologesch Hëllef an Usproch ze huelen: wielt d’Nummer 8002 9090.
COVID-19-helpline-PSY-picture
Eng Helpline fir schoulesch a psychologesch Hëllef an Usproch ze huelen: wielt d’Nummer 8002 9090.

 

Schoulesch Helpline

Dir hutt eng Fro zu den Aufgaben, déi der vum Enseignant krut?
Dir hutt eppes net richteg verstanen?
Dir hutt en technesche Problem mat den Online-Applicatiounen?

Rufft un! Ronn 100 Enseignante stinn zur Verfügung fir Iech weider ze hëllefen an op Är Froen zum Léieren Doheem an deene verschiddene Fächer ze äntweren.  

Eis Helpline riicht sech natierlech och un d’ Enseignanten. Eis Spezialisten stinn mat Rot an Dot zur Säit bei technesche Froen respektiv bei Froen zu de pädagogeschen Applicatiounen.

 

Psychologesch Helpline

Dir sidd Elteren a sidd mat de Kanner doheem iwerfuerdert?
Dir sidd Schüler oder Student an iech fällt de Plafond op de Kapp?
Dir sidd Enseignant a sidd  mat der Situatioun vum homeschooling gefuerdert?

Zéckt net a rufft un! Iwwer d’Helpline vum Educatiounsministère kritt der psychologesch Ennerstëtzung. D’Psychologen vum CePAS a vun de SePAS sti fir Schüler, Studenten, Elteren an Enseignanten zur Verfügung fir Rot a Begleedung.

Dernière mise à jour