🎥 Am Austausch mat de sozio-edukativen Ekippen! Dës Woch hu mir op der Foire vum Jugendsecteur déi sozio-edukativ Ekippe vun de Lycéeë getraff. Mir hu mat hinnen iwwer d’Wichtegkeet vun der Vernetzung op esou enger Foire geschwat a wéi si d’Participatioun vun de Jugendlechen am Schoulalldag fërderen, besonnesch am Hibléck op d’Schülercomitéswalen am Kader vun der Semaine de la démocratie. #SSE #Jugend #Schülerwalen #WochvunDerDemokratie